Mir plangen dem nächst och Kach-Couren ze organiséiere. Kach-Couren fir Europäesch an Asiatesch Kichen.
Custom made
Catering fir all Är Fester, Gebuertsdeeg, Hochzäiten an aner Eventer – op Äre Budget ugepasst.
Faaschten
Mir kënnen och op Wonsch Keto-Platen viirbereeden fir gesond ofzehuelen.
Iwwert eis
Lara, Mamm vun dräi Kanner a Familljen-Managerin, geléiert Décoratrice publicitaire an 10 Joer Aarbechtsexperienz bei enger lokaler Fluggesellschaft.
„Ech si Konschtliebhaberin an hunn en A fir Konscht, an ech deele mat mengem Mann eng Passioun fir gutt Iessen, gemaach mat Léift an Detail.“
Patrick, Papp, Chefkach an engem Atelier protégé, a säit 19 Joer Kach mat Häerz a Séil. Zu sengen Experienze kann hien e Stage beim Sheraton Hotel, Eden au Lac dobäi zielen.
„Ech probéiere vill aus bis et no mengem Wonsch ‘perfekt’ ass. Ech kache mat Freed, sinn ambitiéis an ech wëll zefridde Gesiichter bei menge Clientë gesinn.“